logo dark logo light logo
  • About
  • Services
  • Projects
  • Insights
  • Contact
  • FR
  • EN
  • Facebook
  • Instagram
Mobile Logo
  • About
  • Services
  • Projects
  • Insights
  • Contact
  • FR
  • EN
  • Facebook
  • Instagram

Insights

News

Dat Schéinst un der Aarbecht ass den “No-der-Aa Dat Schéinst un der Aarbecht ass den “No-der-Aarbecht” ❗

Och bei eis ass dat d’Devise. Ëmsou méi schéi wa mir eisen After-Work och zesumme kënne verbrénge 😉
 
An dowéinst vun der ganzer Equipe: Prost 🥂

#prost #oneteam #goteam #bestteam #moskitolux #madeinluxembourg #teamwork #strategy #marketingmadeinlux
Ganz éierlech…mir kënnen et net méi gesinn. Ganz éierlech…mir kënnen et net méi gesinn.

Wann eng Iddi ëmmer an ëmmer rëm kopéiert gëtt, dann ass et iergendwann genuch 🛑

Et geet elo duer mat dem ganze “gelëtz” a Sloganen, Titelen, Nimm, etc.!

Net nëmmen dass d’Wuertspiller ëmmer méi ustrengend ginn, ginn och deels wichteg Messagen a Cause’en, eiser Meenung no, duerch de “letz” oder “let’z” ridiculiséiert.

#letzstop #moskitolux #contentmarketing #madeinluxembourg #fullserviceagency #graphicdesign #teamwork #design #socialmedia #branding #strategy #marketingmadeinlux
Ah jo… Mir huelen eis d’Fräiheet fir Enn des Ah jo… Mir huelen eis d’Fräiheet fir Enn des Mounts d'Bréck ze maachen.

Vum 26.05. bis 29.05.2022 inclus sinn eis Büroen zou 🔒
.
.
.
Yes, we are BRIDGING 😜

Our offices will be closed from the 26th until the 29th of May 2022.

#moskitolux
Freides den 13… Wa mer dat héieren denke mer q Freides den 13…

Wa mer dat héieren denke mer quasi automatesch un Ongléck a Pech. Wat stécht allerdéngs wierklech hannert dësem Datum ? 

Hei bei Moskito gleeft iergendwéi kee sou wierklech un d’Ongléck vum Freides den 13…

Fir d’Selma ass et „e ganz normalen Dag wéi all aneren“. Och déi aner loossen sech wéineg vun dësem Dag beandrocken, verschiddener vergiessen en och komplett! D‘Gaïa wéilt souguer éischter mat schwaarze Kaze schmuse wéi sech do Angscht maachen ze loossen 🐈‍⬛

D’Leit hei sinn also net besonnesch abergläubesch, ma den Nils kuckt trotzdeem eng Kéier gutt an de Spigel wann en eppes an der Wunneng vergiess huet. Net datt den Däiwelchen op senger Schëller sëtzt! 😈

Wéi gesäit et bei Iech aus? Huet Freides den 13. eng speziell Bedeitung fir Iech?
Deelt et ons gäre mat, mee haalt Ofstand zu Leederen a schwaarze Kazen! 🪜

#friday #fridaythe13th #superstition #moskitolux #contentmarketing #madeinluxembourg #fullserviceagency

Illustration by @noimtired
Et gi Leit déi si méi kreativ wei anerer dat ass Et gi Leit déi si méi kreativ wei anerer dat ass kloer.
 
Als Mataarbechter vun enger Kommunikatiouns Agence muss ee jiddefalls Kreativitéit matbréngen. 🧠
 
Mir hunn de Joé - @joew_1289, Art Director, gefrot wou hien seng Inspiratioun a Kreativitéit dann eigentlech hierhëlt?
 
“Fir mech ass alles eng Inspiratioun. Sief dat e flotte Poster, Architektur mee awer och e Miwwel. Bei engem neie Projet probéieren ech zum Beispill net direkt meng Recherche spezifesch op Thematik vum Projet ze maachen, mee ech inspiréiere mech u ville verschiddene Saachen déi och net direkt eppes mam Thema ze dinn hunn. Sou behalen ech en 'open mind' a ka meng Kreativitéit illimitéiert lafe loossen.”
 
An du? Wat inspiréiert dech? 

#creativity #graphicdesign #artdirector #agencylife #moskitolux
YEP Schoulfoire... nach net héieren? 🤔 Ma vil YEP Schoulfoire... nach net héieren? 🤔

Ma vill Kanner a Jugendlecher aus dem Cycle 4 vum Fondamental an dem Secondaire hunn där Foire dës Woch ee Besuch ofgestatt. Hei konnten déi Jonk, mee och hir Elteren an d’Leit déi ronderëm d’Educatioun schaffen de Lëtzebuerger Schoulsystem méi genau kenneléieren. 

Organiséiert gouf dës éischt Editioun vun der @yep.schoulfoire vum Ministère fir Educatioun, Script a @worldskills_luxembourg . Mir konnten hir Enstéiung matverfollegen, well mir nämlech ënnert anerem d’visuell Identitéit an den Internet Site designt hunn! 

Natierlech stécht hannert dëser Welt ee clevere Kapp, deen dat Ganzt an d’Liewe geruff huet, nämlech eis Grafik Designerin d’Maë 🤩

„Dat Ganzt Universum baséiert op Këschten, déi déi eenzel Beruffer an Domainer an der Educatioun duerstellen. Wéi Bausteng ënnerscheeden si sech, mee et ass alles openeen opgebaut, gestapelt a matenee verbonnen, alles ass op enger Plaz. Déi eenzel Rubricken ënnerscheeden sech souwuel thematesch wéi och faarflech vuneneen, passen awer trotzdeem bei d’Educatioun. Eisen Universum soll frëndlech wierken, an déi eenzel Theme sollen direkt erkennbar sinn.“
Haut ass de leschten Dag vun der Schoulfoire an der Luxexpo, also déi lescht Chance fir déi flott Stänn z’entdecken!

All Info’en ginn et op
👉🏼 schoulfoire.lu

#schoulfoire #education #moskitolux #contentmarketing #madeinluxembourg #fullserviceagency #video #print #digital #copywriting #projectmanager #marketingmadeinlux
Dir wëllt méi iwwert Campagne „wat ass normal? Dir wëllt méi iwwert Campagne „wat ass normal?“ wëssen?

Da lauschtert wat d’Rox @roakhzan - Director, de Ben @benolinger - Creative Director a d’Carole @cacoret - Partner & Project Manager bei Moskito iwwert de Projet ze soen hunn a gitt onbedéngt de Site kucke fir Iech en gesamt Bild vun dëser super Campagne ze maachen ! 🤩

👉🏼 watassnormal.lu

#watassnormal #iclusion  #moskitolux #contentmarketing #madeinluxembourg #fullserviceagency #video #print #digital #copywriting #projectmanager #marketingmadeinlux
Ënnert dem Motto „wat ass normal?” hu mir zes Ënnert dem Motto „wat ass normal?” hu mir zesumme mam Familljeministère @mifa_lu eng Campagne fir Inclusioun op d’Been gestallt, wou mir Mënsche mat verschiddene kierperlechen a mentalen Handicappen inzeenéiert hunn.

Dobäi geheie mir d’Fro op, wat een als normal oder anormal bezeechne kann. Jiddereen huet Ticks a Gewunnechten, déi anerer net hunn. Dat mécht eis mënschlech an net méi oder manner normal – an dat ass eise Message. 💪🏼

D’Carole, Partner & Project Manager bei Moskito, erkläert eis seng Usiicht zu dëser Campagne:
“Et huet eis immens gefreet, dass de Ministère de la Famille eis erausgewielt huet fir un dëser ganz wichteger Thematik ze schaffen. Mir konnten als Equipe un enger Campagne schaffen déi hoffentlech een Effekt huet ob d’Gesellschaft a vläicht fir méi Integratioun suerge wäert. Well “Wat ass da schonn normal?” ass eng Fro déi mir eis all stelle kënnen a sollen. Jidderee vun eis huet seng Ticken a Macken a jiddereen ass frou, esou akzeptéiert a valoriséiert ze gi wéi een ass. Ganz normal u sech...”

Mir sinn eis sécher, du hues bestëmmt och en Tick - selbstbewosst genuch fir dee mat eis ze deelen? 😏

All Info‘en zu dëser Campagne fannt dir ob
👉🏼 watassnormal.lu

#watassnormal #inclusion #moskitolux #contentmarketing #madeinluxembourg #fullserviceagency #video #print #digital #copywriting #projectmanager #marketingmadeinlux
Mir haten et schonn alleguer!! Et iwwerliest ee Mir haten et schonn alleguer!! 

Et iwwerliest ee seng E-Mail 100 mol, a soubal een op SEND gedréckt huet fält engem awer nach den een domme Feeler an Aen. 🔍 🤦🏼‍♀️

Ier mir eppes an den Drock ginn ass et dofir wichteg dass den Text op Feeler duerchgekuckt gëtt - Grammatik, Tone of Voice, Rechtschreibung… alles muss passen! 

An dofir gëtt et esou genial Läit wéi @albanecouvent wat Copywriter a Project Managerin bei eis ass. 🧠 ✍🏻

D’Albane erkläert eis hei en Deel vu sengem Job:

“On dit souvent qu’une image vaut mille mots. Je dirais que l’inverse, surtout pour un copywriter, est vrai aussi. Un mot vaut mille images. Un mot (ou quelques mots, ne soyons pas regardants) exprime(nt) à lui(eux) seul(s) un concept, un message. Prenez les taglines : quelques mots pour tout un univers, une signature de marque… Un exemple, un seul : Just do it, pas besoin d’en dire plus, vous voyez tout de suite de quelle marque il s’agit. Eh bien voilà, le travail du copywriter. Concentrer des idées en quelques lettres. 
Même si parfois, c’est le contraire, lorsqu’il s’agit de créer du contenu, de rédiger des articles en accord avec le ton recherché : sérieux, décalé, léger, grave, festif, solennel, conventionnel, percutant. Alors là, on y va à grands coups de tournures travaillées, d’emphases. On recourt aux métaphores, aux oxymores. On utilise la rime pour la frime, parfois infime, les synonymes, les homonymes. On s’amuse avec les mots. Il faut bien s’amuser dans son métier, n’est-ce pas ?”

#proofreading #merdealors #shithappens #moskitolux #contentmarketing #madeinluxembourg #fullserviceagency #print #digital #copywriting #projectmanager #marketingmadeinlux
Eis Grafik Designerin @garliqueen hat Loscht eng Ëmwandlung vun eisem Logo passend zu Ouschteren ze gestalten…

Wat soe mir dozou: Ma cool! 🤩

Mir kennen Iech dat natierlech net entgoe loossen a wënschen Iech domadder schéin Ouschteren! 🐣 🐰 🥚
 
#dikdikdak #ouschterdag #klibbermech #eastern #spring #moskitolux #madeinluxembourg #graphicdesign #illustration
Dat éischt Quartal 2022 ass hannert eis - mir hun Dat éischt Quartal 2022 ass hannert eis - mir hunn eis Project Managerin @jil1189  gefrot wat da säi lieblings Projet am Q1 war 💘

Jil: “Fir mech war dat de Schëfflenger NewsMag - de Buet vun der Gemeng Schëffleng” 📖

Mee wisou grat deen? Hei seng Erklärung dozou:

“Dës Aarbecht mécht op eng speziell Manéier Spaass well mer niewent dem kreativen Deel fir d’Gestaltung vun der Brochure, zäitgläich och ganz vill Saachen iwwert d'Gemeng gewuer ginn a matkréie wat sou leeft. Si sinn immens aktiv an engagéiert fir hir Bierger, si ginn hinnen transparent a relevant Messagen an Infoen. D’Ausschaffe vum NewsMag ass e konstanten, effiziente Ping-Pong tëschent Moskito an eisem Client, en Zesummespill tëschent 2 Partner : D’Gemeng Schëffleng mécht d’Kreatioun vum Contenu a mir këmmeren eis em den Design an d’Mise-en-page. Säit 2 Joer vertraue si Moskito fir dëse Buet flott ze gestalten an un hire Mann ze bréngen, an et mécht ons ëmmer rëm Freed fir un esou engem Projet dierfe matzewierken!”
.
.
.
D'Jil begëtt sech déi nächst zwee Méint ob eng spannend Rees an erfëllt sech domadder en Dram. Hat verléisst eis dohier, awer just fir zwee Méint 😉

Mir wënschen him vill Spaass, Gléck an Erfëllung an Namibia wou hat sech em Déiere wäert këmmeren 🦒 🐘 🐆 
 
#coupdecoeur #favorite #project #letherspeak #moskitolux #youwillbemissed #campaign #madeinluxembourg #fullserviceagency #graphicdesign #collaboration #teamwork #design #print #photo #marketingmadeinlux
All Mënsch erwaart sech um 1. Abrëll e Witz, dof All Mënsch erwaart sech um 1. Abrëll e Witz, dofir glécken der net immens vill. Mee et ginn awer Ausnahmen… hei déi déi eis am Beschte gefalen 🤡

Et ass nämlech immens wichteg Emotiounen ervir ze bréngen a wann een seng Audienz zum laache bréngt 😄  oder se vun engem Produit iwwerzeege kann den et guer net wäert ginn 😏 , dann huet en als Marketing Agence alles richteg gemaach!

“Creativity is key”, an eiser Welt zumindest 💡 🌎

#dugeck #dubasssouwitzeg #haha #aprilfools #lol #moskitolux #campaign #contentmarketing #madeinluxembourg #socialmedia #branding #strategy #copywriting #corporateidentity #marketingmadeinlux
Bei eis kann 1 Persoun gutt sangen 🎤, 3 Steck g Bei eis kann 1 Persoun gutt sangen 🎤, 3 Steck gi Weekends gären danzen 🕺🏻 an deen een oder anere schwätzt vill.

Wiere mir nëmmen an d’Musekschoul gaang…

Genau dofir läit eis dësen neie Projet vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend besonnesch um Häerz 🥰
Et ass wichteg Kanner zum Musek maachen, sangen, danzen a sech ausdrécke ze beweegen - well et léiert een am Museksunterrecht souvill méi wéi just en Instrument - fir d’Liewen a seng Zukunft. 🎶 🩰 🎷

Mat “Fann Deng Bün” hu mir vum Slogan, iwwert d’Konzeptioun an d’Produktioun eng Campagne geschaf déi de Fokus op déi individuell Entwécklung vun Talenter setzt. Fir Jiddereen ass déi “perfekt Bün” eng aner, an Eltere sollen ermontert ginn op d’Talenter vun hire Kanner opzepassen, drop anzegoen a se ze fërderen.

Zu Lëtzebuerg gi Musekscoursen an 33 lokalen a regionale Museksschoulen an an 3 Conservatoirë gehalen. Fannt dozou eng interaktiv Kaart sou wéi weider Informatiounen ob follgendem Site: 
www.musekschoulen.lu (iwwregens och vun eis 😉 )

#music #dance #sing #musekschoulen #campaign #web #moskito #marketingmadeinlux #fullserviceagency #graphicdesign #luxembourg
Hu mir et net schonn all héieren? Storytelling as Hu mir et net schonn all héieren?
Storytelling ass e wichtegen Aspekt am Marketing, mee et richteg maachen ass en Challenge a muss gekonnt sinn! 😉
 
Den @benolinger huet eis seng Meenung iwwert dëse Sujet gesot.
 
Liest selwer →

—

Did we not all hear about it?
Storytelling is an important factor in marketing, but doing it right is a challenge and needs to be mastered! 😉

Read @benolinger‘s opinion on this subject.

#moskitolux #storytelling #emotions #marketing #blabla #socialmedia #strategy #branding #madeinluxembourg #fullserviceagency #graphicdesign #teamwork #marketingmadeinlux
“De Client huet eis, wéi soss amfong och ëmmer “De Client huet eis, wéi soss amfong och ëmmer, komplett vertraut wat den Design an de Choix vum Print a Pabeier betrëfft. Fir dës Spezial Editioun wollte mir richteg opfalen a mat enger peppeger Pantone & engem attraktive Pabeier an den Drock - bausse blénkeg an elegant, bannen douce an agreabel fir unzepaken. Sober an awer modern. All in!” - Jil @jil1189 

Have you seen the newest KultEsch? 🤩

It’s not one to miss: a special edition focused on Esch’s cultural institutions and all of the exciting, upcoming projects and events for Esch2022! 🌟

Make sure you grab your copy in Esch or check out the digital version on:
 ➡️  https://citylife.esch.lu/kultesch/
Moskito mécht och Branding! Entweder si mir vun  Moskito mécht och Branding!
Entweder si mir vun Ufank un äre Partner oder dir bemierkt réischt méi spéit dass dir eis braucht - mir si fir iech do! 🚀

Haut kucke mer op e Rebranding dee mir fir eis gutt Kolleege vun Erasmy Pompes Funèbres gemaach hunn. Hei gouf de Logo erneiert, dh der Zäit ugepasst ouni de Bléck awer zu der laangjäreger Geschicht vum Betrib ze verléieren.
Dir fannt den neie Logo iwwerall - vum robuste Pabeier vun de Visittekaarten, d’Beschëlderung vum Geschäft oder op de Fënstere vun de Büroen. ✨

Mee do kënnt nach, sidd gespaant! 👀

.
.
.

Moskito does branding!
Whether we are your partner from the beginning or you realise later that you need us - we are there for you! 🚀

Today we take a look at re-branding we did for our life-long friends at Erasmy Pompes Funèbres, where we revamped their logo to feel more contemporary while still respecting their history. You’ll find their new logo everywhere. Printed on the sturdy paper of business cards, the aluminium outdoor signs or on the glass of the office windows. ✨

More to come… keep your eyes peeled! 👀
Load More...

© 2022 Moskito

  • Data protection
  • Legal Notice

moien@moskito.lu